nettoyageDe leschte Samschden 19.10 haten séch zing Leit Rendez-vous gi, fir ënner der Leedung vum Chef d’Orchestre Ronny, d’«Journée de travail et d’entretien» (formerly known as « Nettoyage cabanon ») op ze féieren.

No daer verkierzter Saison, war et déi Kéier just en Nettoyage à fond bannen a baussen, ouni gréisser Aarbechten. Dat fiicht Wieder huet et nit méi einfach gemeet. Material wat ee soss konnt eraus stellen, huet elo misse banne bebotzt gin, an et as am Keller alt zimlech enk gin. D’Fiichtegkeet bannen as een och nit esou richteg lass gin.

Mee fir d’Equipe vum SACL as dat keng Erausfuerderung, déi meescht si jo Wiederholungs-Täter a kennen hir Tâche. An och di zwee Neophyten, d’Nadine an de Manfred, ware mat vollem Asaz derbaï.

Virun engem gudde Mëtteg-Iessen beim Aristide an der Auberge (vum SACL offeréiert), hat den Aender nach op den Apero invitéiert. Gutt gestaerkt as et duerno un den zweeten Akt gangen.

Esou as de Cabanon elo fit fir duerch de Wanter a fir di kommend Evenementer präparéiert. Hoffentlech kënne mir scho fir d’Plongée Primeur an d’Plongée des Rois dervu profitéieren.

E grousse « Merci » un déi Memberen, déi eng Hand ukepakt hun :

Aender, Manfred, Mike, Nadine, Nathalie, Pascal, Patrick, Ronny, Steini, Tom