Xmas17 „Hardcoredivers“ ( Cathy, Jang, Jean-Louis, Laurent, Pascal, Yves an Änder) hunn sech opp engem reeneregen Sonndeg 22. Dezember beim Cabanon getraff fir di éischt SACL Chreschtplongée sait laaaange Joeren ze maachen. No dem Reen vun der leschter Woch war d’Fro: Gesait een de Kompass virun der Nues oder gesait een en net? D’Äntwert viirewech: Jo et gesait een en ... esou just! Ech hu main net gesinn, ech hat en um Schreiwdësch leie gelooss (Upps!).

D’Palanqueeën ware séier gemaach, 2 mol 2 an 1 mol 3, opp mannst beim Départ. Grouss Erwaardungen hat keen a si sinn och net iwertraff ginn. Matt enger Siicht vun 20 bis 50 cm hat deen dee gefouert huet all Méi fir de Kompass ze liesen ouni anzeknuppen an deen dee bei him bleiwe sollt hat all Méi fir de Chef net ze verléieren. Et war spannend vun Ufank bis zum Schluss a knapp 86 % haten et gepackt. Net schlecht! Anscheinend get an der nächster C.T. d’Thema vum Solotauchbrevet oppbruecht. Ech si gespaant wien de Cours ooffhält.

No engem klengen Apéro goung et dunn eropp an d’waarm Stuff fir Raclette a Bruzzelsteen. Leider konnt de Kolleg Jang net bleiwen well hien sech mëttes um Chrëschtmaart zu Dikkerech engagéiert hat.
D’Koordinatioun wien wat mattbréngt war des Kéier gelongen an et huet nëmmen esou gebruzzelt. Natierlech waren déi, déi beschass gi sinn, net do, wat awer net heescht, dass déi, déi net do waren och all beschass gi sinn. Sitt berouegt, mir waren gaaanz fein. Nom Dessert ass nach e bëssen gebotzt ginn an d’Setzung gouf dunn oppgehuewen.

Xmas2Xmas3Xmas4Xmas5