DraiKinneksplongee 02Déi éischt Plongée am Joer, si ass ëmmer e bëssen extra. D’Ausnahmen bestätegen d’Regel, esou wéi haut. Alles gutt, den Ausglaich ass bal erreecht: 5 Grad dobaussen a 6 Grad am Waasser. D’Siicht ass besser ewéi viru Chrëschtdag, awer nach net grad ewéi um roude Mier. D’Fësch haale Wanterschloof a loossen sech bewonneren. E richteg dëkken Zander huet sech vum Pascal d’Schuppen ziele gelooss an huet du weidergeschloof. Nu so nach een et géing een naischt gesinn am Stau!


Eis 6 Memberen (Cathy Sandrine, Jang, Pascal, Yves an Änder) plus e Gaascht (Patrick) hunn d’Plongée genoss; opp d’mannst huet jiddereen no der Plongée zefridden dragekuckt. Nom obligatoreschen SACL Apéro ass de Kéis „mit dem Bengel im Dëppen geréiert ginn“. Merci dem Yves fir sain Asaatz.
A wie kruut d’Boun am Drai-Kinnekskuch? Who’s the king? Ma de Jang, wie soss, Jang le roi des profondeurs du lac. „Evidemment!“ géing mai grousse Kolleg soen, wie soss. Bis d’nächst Joer.