sichhenn2Ufank Juli krut den SACL eng Demande vun SICHHENN.LU fir een Experiment um Séi ze maachen. De Versuch huet den 23.07. stattfonnt. Et goung drëms fir eng vermëssten Persoun ze fannen, die vläicht am Waasser erdronk ass. Traut een Hond sech bis bei d' Waasser oder souguer bis an d' Waasser ze goen?

Virum Versuch huet den Vermëssten (Mike) eng Prouf vun sengem Geroch ofginn. Vun sechs Hënn huet all Hond seng Spuer fonnt, mä nëmmen een huet sech getraut an d' Waasser ze goen an bei den Erdronkenen ze schwammen. All Hond ass virum an nom Exercice am Auto bliwwen.

D' Leit vun SICHHENN.LU waren mat dem Dag zefridden, an kommen eventuell nach eng Kéier erëm op de Séi.

Weider Biller an eiser Galerie.