plongee rois 2026 ck 01Den 11. Januar huet de SACL seng traditionell „Dräikinnegsplongée“ um Séi zu Lëltz organiséiert – et war en agreabelen Dag, trotz de kale Wantertemperature.

Schonn direkt bei der Arrivée gouf et eppes ze dinn: de Cabanon war ageschneit a huet misse fräigemaach ginn. Dat ass mat vill Asaz a Geschéck vum Jos a Ronny gemaach ginn, déi dat ganz séier erleedegt hunn.

plongee rois 2026 ck 02Duerno war et Zäit fir d’Plongée. Et hu sech fënnef Taucher an d’kalt Waasser getraut – d’Carole, de Claude, den Thomas S., den Thomas R. an d’Cathy. D’Waassertemperatur louch bei frësche 5 Grad Celsius, mee d’Sicht war net schlecht. Ënner Waasser hu mir vill kleng Fësch gesinn an esouguer deen een oder anere Flosskriibs, deen tëscht de Steng ënnerwee war.

Wärenddeems waren och nach de Pascal, de Gary an de Cédric fir d’Gesellegkeet an d’Iessen do.

No der Plongée gouf et en verdéngten Apéro, mat e puer Bulle fir op dat neit Joer unzestoussen. Duerno koum de kulinareschen Héichpunkt: d’Raclette. Mir hu vill ze vill vun allem giess. Et gouf och nach Tiramisu an, selbstverständlech, Dräikinnekskuch fir den Dessert. D’Kroun ass un de Jos gaangen!

E kale, meegemittlechen Dag um Séi!
Hei nach e puer Biller an eiser Galerie.

plongee rois 2026 ck 03plongee rois 2026 ck 04