SichhennDen 12. Juli 2026 huet eng Ekipp vun der Asbl www.sichhenn.lu, déi mat hire speziell ausgebilte Mënsch-Hond-Teams vermëssten Hausdéiere sichen a sëcheren, sech mat den Taucher vum SACL zu Lëltz bei hirem Cabanon fir e gemeinsamen Training getraff.

D’ Ekipp vun de Sichhënn huet verschidden Zenarie geprouft, ënner anerem wéi di individuell Gerochspartikelen vun engem Taucher sech op dem Waasser verdeelen, a wéi d‘ Hënn dat uweisen.

Um Enn hun déi zwee Klipp sech bei engem Apero ausgetosch an duerno zesumme gegrillt.