Kuerz virum Start vun der neier Saison huet de SACL wéi gewinnt säi Recyclage organiséiert – dëst Joer nees am bekannte Kader um Stau zu Lultzhausen an eisem Cabanon.
Am Ganze ware mir zu 16 Taucher, déi sech fir eng gemeinsam Plongée getraff hunn. Nieft dem Spaass um Tauchen, stoung virun allem d’Iwwerpréiwe vum Material am Mëttelpunkt. Besonnesch eis Dréchekostümer goufen op d’Prouf gestallt – mat gemëschte Resultater: bei e puer war alles tipptopp, bei aneren huet sech erausgestallt, datt nach net alles esou „dréchen“ ass wéi gehofft.


Zousätzlech kruten eis Chefs de Palanquée wichteg Informatiounen zu eiser neier Nitrox-Fëllanlag. Domat si mir technesch gutt opgestallt a prett fir eng sécher an erfollegräich Saison.
De Recyclage war domat net nëmmen eng gutt Geleeënheet fir sech erëm an d’Waasser eran ze fannen, mee och fir als Ekipp zesummen an d’Saison ze starten.