homard1Freides Mettes ass et lass gaangen, Rendez-Vous als Binôme iergendwou zu Letzebuerg, Destinatioun : Burgh-Haamstede, een klengt Duerf iergendwou an Holland ob enger flaacher Insel. D'Gespreichsthema Nr. 1 um Wee fier dohinner, di nechst Vakanz an d' Scheff waat an Agypten ob en Riff gefuer ass an ennergaangen ass.

participants

Freides Owes dann am Hotel wei gewinnt, den eischten Apéro ier et dann no engem kuerzen Zweschestopp an der Frittebuud mat Kibbiling ( Paneierten Cabillaud) ob den Site vun der Nuetsplongée gaangen ass. Eng supper Plongée, et wor deischter an et huet iwwerall gewibbelt vun Lierwen, Homarden an Kriibsen an lauter Saachen dei mer nach ni gesinn hun an wou mer nach emmer net wessen waat et ass. D'Siicht wor exceptionnel an dei erfueren Nordseedaucher hun eis gudd an der Nordsee initieiert an encadreiert. Ob engem supper ausgebauten Parking hun mer eis equippeiert an dono natierlech Apéro gedronk.
Merci Véronique d'avoir préparé les apéros et d'avoir précieusement gardé les clés de voiture.

 

crabeDen Daag drop ass et am Reen Richtung Zeelandbreck gaangen wou um 11 :04, mat Buddyline, pünktlech d'Mise à l'eau wor. An der Streimung ass et dann ronderem d'Pilieren vun der Breck, oder och net, gaangen. Alles voller Lierwen ( Seistären, Homarden, Schleecken, Seiches... ) Um 11 :30 sollt dann d'Streimung d'Richtung wiesselen, mais daat sollt awer net gescheihen. Nom Apéro ass et an den Restaurant gaangen wou di eng schon beim Kaffi woren ier di aaner z'iessen kruten.

tourteauMettes wor dann eng Plongée à la Stau mat Salzwasser mais ouni Pestiziden. Dono ass et an den Viswinkel gaangen. Di eng hun den Kanadeschen Homard genoss aanerer hun sech duerch 3-stäckeg Plateau de fruits de mer gekämpft. Mir hun gudd gies.

Den Daag drop Moies ass et beim Koepeltje no laangem Foussmarsch an d'Waasser gaangen.

Nom Iessen ass fier di eng d'Heemrees ungaangen an di aaner hun sech nach Mettes an d'Waasser getraut.

plateauDest Joer wor d'Clôture vun der Saison mol eppes aanescht, mir hun en flotten an gudd organiseierten Weekend verbruecht. Nechst Destinatioun Agypten, dest Joer wor een flott Joer mat villen varieierten Aktiviteiten.