mer rouge groupe 2014

Et muss een schonn soen, d'Rees stoung net ënnert engem gudden Stär. Zwou Wochen virum Depart ass d'Exocet (d'Boot dat mir gebucht haten) op e Riff gefuer an ass ënnergaang. Glécklecherweis ass kengem eppes geschitt. Well d'Allerhellegewoch awer Héichsaison um roude Mier ass, war net esou einfach en Ersatzboot ze kréien, an nach vill manner eent an deeër Klasse. No laangen Diskussiounen stoungen 2 Alternativen zur Auswiel: Bei deeër enger hätten e puer Leit op en anert Boot missen goen, an déi aner op en Ersatzboot, d'MY Samira, e soi-disant ganz neit Boot. Bei der anerer wären mir zu 24 op d'MY Samira gaang, e Boot dat nëmmen fir 20 Leit virgesin an ausgestatt ass. Well dat anert Boot éischter e Familljenausflug gemaach huet matt wéineg Hoffnung op anstänneg Dauchgäng, war dat net wierklech eng Alternative. Déi zweet Alternative war och keng well d'Sécherheet net garantéiert war. No intensiver Email an Telefonskommunikatioun hunn sech spontan 4 Leit bereeterklärt fir d'Rees ofzesoen, esou dass déi aner 20 als Grupp zesummen mat der MY Samira op den Tour goen konnten.

 

mer rouge 2014 john 32Beim Depart mëtten an der Nuecht waren mir all um Appel an et ass am „calme absolu" (ausser e puer Schnaarchgeräischer) op Bréissel gaang. Zu Zaventem ass alles ewéi op Rullen gelaf; jiddereen hat e Pass an et war och de Richtegen. De Vol an der Economyclass entwéckelt sech ëmmer méi zum Véitransport. D'Unzuel vun de Sëtzer wiisst all Joer, d'Gréisst vum Fliger allerdéngs net. Déi nächst Etapp wäert de Stéiplaatzenfliger sinn. Wien elo geduecht hat hien géing mat Iessen an Drénken verwinnt ginn, den hat sech geiert. Fir alles huet een missen e puer Euro op den Dësch leeën, ... pardon, d'Kamell zum Schluss war fir näischt. No 5 Stonnen: Endlech d'Been auserneenfaalen an sech strecken ... an dunn stoungen mir zu e puer honnert virum Guichet. Passkontroll! Engem vun den 3 Polizisten war et wuel ze vill. Hien huet säin Guichet zougemaach an ass an d'Mëttegpaus verschwonnen. D'Differenzen an der arabescher Liga spigelen sech och an der Passkontroll erëm; den Hassan stoung gutt 10 Minutten virum Bureau ier se hien duerchgewonk hunn.mer rouge 2014 john 43 D'Hélène an de Staff vun Diving Attitude hunn eis baussen mat enger schlechter Nouvelle begréisst: D'Samira huet eng vun sengen 2 Schrauwen verluer an ass zu Hurghada an der Reparatur. Also 3 Stonnen mam Bus op Hurghada, dann op d'Boot an dann gesinn mir weider. Bei der SACL Mannschaft huet d'Begeeschterung sech doropshin a Grenzen gehal. Alles eran an de Bus, an dunn goufen mir op Port Ghalib gefouert a kruten en Iessen vun Diving Attitude spendéiert. Mat vollem Bauch ass een schliisslech méi gedëlleg. Am Bus fir op Hurghada war et roueg. Déi meescht hunn e puer verpasster Stonnen Schlof erageholl. Dat neit Boot huet sech als gebraucht mat neiem Ustrach erausgestallt, mer rouge 2014 john 81mee war soss awer an der Rei. D'Koppelen fir an d'Kabinnen hunn sech onkomplizéiert forméiert an jiddereen huet sech mat méi oder manner Opwand fir déi nächst 7 Deeg ageriicht. Den éischten Apéro huet d'Middegkeet vergiessegelooss an d'Stëmmung war erëm gutt. An der Nuecht hun e puer ägyptesch Heinzelmännercher d'Schrauf montéiert, esou dass mir am Laf vum nächsten Moien fortfueren konnten. Den Adaptatiounsdauchgang huet am „Aquarium" stattfonnt, esou gëtt den „Gota Abu Ramada" och nach genannt. Zefridden Gesiichter hunn gewisen: Et war e schéinen Ufank. Mëttes goung et dunn op de „Middelreef". Beim Fëllen huet et dunn geknuppt an gezischt: de Kompresser, den d'Nitroxmembran versuergt, hat de Geescht opginn. D'Plongée am Rescht vum Dagesliicht war trotzdem schéin. An der Nuecht ass et dunn weidergaang bis op „Elphinstone", wou mir um 5h30 aus dem Schlauchboot gekippt ginn sinn. Kuerz dergéint a laang mat der Stréimung, ass dat dach schéin! mer rouge 2014 john 22Gutt Nouvelle dann am Dag: Den Nitroxkompresser gouf gefléckt an et gëtt erëm Nitrox. Déi eng haten es an der Fläsch, déi aner net. Déi nächst Plaatz wou mir stallgehalen hunn, war „Habili el Radic", e Grupp vun 7 Riffer, den eis eng wonnerschéin Plongée gebueden huet. Leider huet dem Mecanicien säin Geflécks net gehalen an den Nitroxkompresser war definitiv keen Thema méi. Mee och bei eis gouf et kleng Pannen: Schläich déi gefehlt hunn, Fläschen déi gerutscht sinn, Ventiler déi zur falscher Zäit zou waren, Détendeuren déi net dicht waren asw. D'SACL-Team huet alles souverän gemeeschtert! Iwwerdeems war deenen éischten d'Rees op de Mo geschloen an d'Fësch haten Kiermes. Ëmmer gutt knaen, dann geet dat. Déi éischt Nuetsplongée war, wéi déi zweet an déi drëtt ... hell. Munch Fësch huet sech panikarteg virun deenen Super LED Scheinwerfer aus dem Stëbs gemaach. Esou sinn mir dann iwwert d'Fury Shoals Riffer bis an de Süden op d'St.John's Riffer gefuer, wou mir wonnerbar Plongéen op faméisen Platzen wéi „Erg Umm Aruk", „Paradise" an „St.John's caves" gemaach hunn. Duerno ass et erëm lues erop a Richtung Marsa Ghalib gaang. Mëttlerweil war en zolitten Wand opkomm an d'Mier war e bëssen méi beweegt. Dem engen oder aneren Mo ass dat net gutt bekomm an eng zweet Plongée op „Elphinstone" war doduerch och net méiglech. Duerfir war de Barbecue mat Holzkuelegrill op dem hënneschten Deel vum Boot en Erliefnes. mer rouge 2014 john 02D'Fleesch war richteg duerchgegrillt; et hätt een et kënnen als Dréchefudder ubidden. De leschten Dauchdag huet säin Laf geholl mat enger leschter Plongée, déi eis erëm op d'Sicht am Stau agestëmmt huet. Den Apéro war super. Mir hunn Museker- an Sängertalenter bei eisen zwee Diveguides entdeckt, esou wéi Entertainertalenter bei verschiddenen SACL Memberen. No enger gerousamer Nuecht hat den een oder aneren säin schéinen liicht brongen Teint verluer an huet e bëssen bleech ausgesinn. Den Depart vum Fluchhafen Marsa Alam kann een roueg als chaotesch bezeechnen: Laang Schlaangen, vill Gebrëlls an wéineg Disziplin.

Alles an allem war et eng richteg flott Woch mat villen schéinen Plongéen, 18 am Total. Déi zwee Diveguides an d'Bootscrew hunn hiert Bescht ginn fir eis déi puer Saachen, déi dernieft gaangen waren, vergiessen ze loossen. Bleift mir nach just eisem GO, dem Max, respektiv dem Claude, e grousse Merci ze soen, dass si d'Rees organiséiert, respektiv ëmorganiséiert hunn. Et war gewëss net einfach. Merci awer och un déi 4 Leit, déi d'Rees ofgesot hunn. Doduerch konnten déi aner 20 eng flott Woch zesummen op engem Boot verbréngen. Ech freeën mech jiddefalls op d'AG, fir all déi Videofilmer ze gesinn, déi op der Rees gemaach ginn sinn an ... op déi nächst Dauchsafari mat de Kollegen vum SACL.

mer rouge 2014 john 78De klengen Zefriddenen