22. November 2015, d'Wieder ass duerchwuess, et geet vu strahlend Sonn bis Schnéischauer. Am Eisléck bedeckt e klenge waisse Flom d'Landschaft. „Les Kopp sont blanches", wéi en net benannten Frënn a SACL Member zu fortgeschrëttener Stonn op Franséisch erkläert huet.
primeur2015 TomEng knapp Dosen Hardgesottener huet sech also beim Cabanon afonnt fir d'Plongée Primeur. No dem übleche Gelästers a Gebraddels verschwannen 5 Palanquéen am Waasser.

primeur2015 Ronny

D'Siicht ass gudd bis 18 Meter, drënner ass se ziehmlech beschränkt. D'Waasertemperatur ass mat 12 Grad agreabel, op manst fir d'Dréchendaucher. Während eise gudden Hausmeeschter Ronny d'"Surveillance en surface" mécht, suergt d'Véronique derfir, dass de Cabanon duerchgehëtzt get. No der Plongée kënt bekanntlech den Apéro, wou den neisten Beschass op d'Tapéit kënt.

Déi nei SACL Auer gouf bestaunt an d'Schnurren vum gefléckte Kompresser huet kee gestéiert. Nom Tom séngem obligatoreschem Gebrëlls „Essenfassen" hun dann och déi lescht sech un d'Fondue oder de Brutzelsteen gemaacht. No liichten Ufanksschwierechkeeten huet dann jiddereen sai Léer fonnt. Den Tom hat de Vull oofgeschoss; hien soutz bannen am Krees. Spontan hun dann och e puer Komiteesmemberen sech bereet erkläert fir an der nächster Komitéssëtzung de Kaaf vun engem Dréihstull op den Ordre du jour ze setzen. De Primeur vun der Vinsmoselle huet net wierklech een vum Hocker gerappt, duerfir war de Beaujolais séier eidel. Nom Iessen hun déi eng de Cabanon fluchtarteg verlooss, während déi aner nach e bësse gebotzt hun. De Patrick huet sech geaffert fir d'Plongéesbuch ze ventiléieren an d'Statistiken fir d'AG opzestellen. Mir verroden awer hei nach net wien déi meeschte Plongéen an der Saison 2015 gemach huet.
Ewéi all Joer war et derwäert fir op de Séi ze kommen an en agreablen Dag ze verbréngen.