Chevalier2016


En déift, dréift, kaalt Lach gefëllt mat Bulli - sou hat ech mer de Stau virgestallt, a fir et direkt ze soen, ganz falsch louch ech net; et war déif, et war schwaarz - mee ech louch awer e bësse falsch.

Bei mengem éischten Tauchgang um Stau war ech iwwerrascht, dass d’Waasser awer guer net sou onkloer war, wéi ech mer dat virgestallt hat. Ech hu Bamstämm gesinn, e puer Fësch a souguer eng Aart Crevette. Och war et mer a mengem Tauchkostümm bal guer net kal. Wat mech allerdéngs immens iwwerrascht huet, ass d’Däischtert. Ab e puer Meter no ënnen, ass et einfach stackdäischter, an no engem hallwen Tour an di eng Richtung an engem dräivéirels Tour an di aner, hat ech komplett d’Orientéierung verluer. Zum Gléck hat meng Tauchpartnerin e Kompass dobäi, sou dass mer d’Ufer erëm séier zréckfonnt haten a ons konnte weider Richtung „Spëtzt“ bewegen. No 50 Minutten, an deenen ech mech di ganz Zäit wuel gefillt hunn (Merci Nathalie!), si mer erëm opgetaucht an ech war immens frou.

Dat war allerdéngs net meng eenzeg Première fir deen Dag. No engem weideren Tauchgang mëttes war nämlech d’Epreuve vum „Chevalier du Lac“. All di méi oder manner Nei konnten do hiert Kënnen bei ënnerschiddlechen Aufgaben um an am Waasser ënner Beweis stellen. Vill kann/däerf ech dozou net soen, mee wou et eriwwer war, war ech erëm immens frou.

Owes, nodeems mer nieft dem Cabanon e grousst Zelt opgeriicht haten, gouf et dunn e Patt vun onsem President. Et ware mëttlerweil ganz vill Leit do an d’Stëmmung ass am Laf vum Owend ëmmer besser ginn. Et gouf z’iessen an ze drénken a virun allem ze danzen. A gedanzt hu mer - mat puer Ënnerbriechungen wéinst engem Fussballspill, dat net ende wollt -  ganz vill a ganz laang.

Et war e super Owend an e super Dag, a wou ech owes spéit midd a mäi Bett an der Jugendherberg zu Lëlz gefall sinn, war ech nach ëmmer immens frou. An ech freeë mech och schonn op mäin nächste Sonnden um Stau.