plongee glace 1

Den 28. Januar 2017 war et endlech esou wäit; e gudden Deel vum Stau war zougefruer. 4 courageiert Männercher – de Pascal, d'Micky, de Jean-Lou an d'Cathy - hun sech dorops hin op de Wee gemaach fier an daat grousst, kaalt, naast an schwarzt Waasser.
Zu zwee an zwee ass et lass gaangen, daat Äis vun ennen bewonneren. Jiddereen huet säin akrobatescht Kënnen konnten ausprobeieren, an mer hun gestaunt wie stabil daat Äis ass.

plongee glace 2

No enger halwer Stennchen ennert dem Waasser ass et dann och erem zreck gaangen.
Am Cabanon gouf et nach e klengen Beaujolais an mer hun eis eng gudd Fondue schmaachen geloos (sorry Mike!).

plongee glace 3