Wat war lass? Am Fong naischt Extraes. Déi eng waren ze fréi do (jo, och dat gët et am SACL), déi aner zur Zait, an dann ass ëmmer op manst een deen urifft, hie kéim méi spéeit; an neen, et war net de Ronny. D’Plongée war OK: Fir déi eng méi kuerz, fir déi aner ze laang. De Sproch: „D’Waaser sicht sech sai Wee“ ass nach ëmmer aktuell bei den Dréchendaucher. D’Komentäeren beim opdauche soe genuch: Vu „sch... Händsch!“ bis „ech mengen ech hun de S...(zenséiert), en français les c... (och zenséiert) naass“. D’Waasertemperatur em 6 Grad, d’Siicht an der Rei fir d’Joreszait. Wat gouf et ze gesinn? D’Kouh an de Wollef an e gerëschte Männchen a Fësch à gogo. Net all hun se dat selwecht gesin, esouguer net an enger Palanquée.
D’Iessen ewéi ëmmer e Gedicht, de Geroch e bësse prononcéiert. Esouguer den Hond hällt sech d’Nues zou wann een heemkënnt. D’Gespéich iwer Dësch agreabel, ... a verständlech. Den éischten Entworf vum akkustesche Plafong hat nähmlech sain Optrëtt. D’Themen goungen vun daiwlesch bis iwerierdesch an de Ronny war de King. Am beschten dir kuckt einfach d’Fotoen. Si soe méi aus ewéi 1000 Wieder.


plongee rois