De Claude seet: „Eng Sortie Club hätt ech gär am November!“
„Ma virwaat och net“, mengt dun den dënnen Änder.
De Jang, den ass gleich Feier a Flam;
eng Rees an d‘Sonn, daat ass sein Dram.

Den Tom, dat ass beileiwen kee Läppchen,
stonnelaang duerchwullt hien d’Internet no engem „Schnäppchen“.
Do huet hien och esou Munches fonnt;
all Respekt, dat wor gekonnt.
Vun denen villen Plaatzen, et woren der siwen,
hun mir erausgesicht d’Malediven.
E schéint Schëff huet et missen sin,
eng agreabel Rees sollt et schliesslech gin.

Leider sin geplatzt dun all eis Dreem,
well um Schëff gouf et e Secherheetsproblem.
Taucher woren doduerch em d’Liewen komm,
do ass dach eppes richteg kromm.

Den aarmen Fabian wor du ganz besuergt,
well hien hat eréischt en Accident, en uergt.
dem Doud hien wor ganz knapp entwutscht
wéi hien mat de Schi den Bierg erofgerutscht.

Den Tom huet gaangs en anert Schëff gesicht,
dat wor him wäert eng extra Schicht.
D’MY Stingray hun mir elo gelount,
„ganz sëcher!“ kruten mir betount.

Mir hun dun alleguer gebied,
dass den Néckel sein Kolleg krut iwerried,
fir dass hien mattgoen soll,
well dun wor eist Schëff endlech voll.

Dach de Jang huet, aus gesondheetlechen Grën,
leider missen ofsoen sengen villen Frën.
D’Michelle, seng Frëndin, trei a reng,
soot: „Jang ech loossen dech net eleng!“

Et sin elo erëm zwou Platzen frei,
dir léiw Leit, macht  iech séier bei.
Dir wësst: Mam Melusina an d’Vakanz
daat ass ouni Zweifel de Glanz.

                            Affaire à suivre....