plongee_rois_20128 irréduktibel Kaalwaasser Taucher hun sech an aller Hergottsfréi bei fiicht kaalen 3 Grad baussen an grad sou kaalen Waasertemperaturen fir di traditionell Dréikinneksplongée an de frésch gefëllten Stau gehait.  4 Palanquéen hun sech an d’Waasser getraut: Patrick-Hassan, Ronny-Roland, Pascal-Ben, J-Lou-John. Trotz enger Siicht vu manner wi 40 cm  gouf eis Plattform   kontrolléiert, de Jhemp as besicht gin, iwerdems d’Hierchten engem an d’Gesicht gerannt sin.

De versprachenen bouillon chaud (mat Schuss d’Elbling) as leider dést Joer ausgefall, (e war ofgelaf), mée de responsabelen F&M huet eis versprach fir dei next kâl plongée alles am Grëff ze hun. Am viraus,  Merci Tom!
Raclette, Fondue, Pierrade, oder den Irbëssebulli waren super, an d’Kollegen hun a gudder Stëmmung iwert vergangen an zukünfteg Sortien gefachsimpelt.
« Hai » light war ouni Zweifel d’galette des rois.
De Pascal huet d’fève am Kuch gezunn, an huet also domat de Privileg, fir d’next Joer, déi éischt Plongée des Rois am neien Cabanon, därfen ze organiséieren. Bravo Pascal !
Mat dobei, awer net am Waasser, waren den Tom (chef de base), den Alain, d’Rosanne, an d’Diane, die eis  versprach hun d’next Joer erëm dobei ze sin, an och mat eis ze tauchen.