CIP Nice: 30.8. - 6.9. 2014

nice 2014 01Eng 100 Déiftemeter den Dag an 100% Sauerstoff, dat stoung um Wochemenü fir eng Dose SACL-Daucher an de Flassaspresident. Mat derbäi waren de Claude Leniger, Laurent Dura, Hassan Razavi, Tom Elgas, John Welter, Claude Martin, Mike Moro, Jean-Louis Gindt, Ben Gusenburger, Nathalie Faber, Melanie Chambers, Michel Barbancey an de Remy Mousel.

Eng super Equipe, eng phantastesch Ambiance, eng impeccabel gefouert Dauchbase ënner dem Richard Vial, Wieder wéi am Billerbuch a Site vu 5 m bis wäit iwwer 100 m an dat nëmmen eng knapp hallef Stonn aus dem Hafe vun Nice: dee Mix huet dëse Stage zu enger onvergiesslecher Experienz gemaach! Et huet ee bal gemengt, et wier een an der Vakanz...

Départ war Freides ëm Mëtternuecht a mat engem Emile Weber Minibus goung et a Richtung Nice. Logéiert ware mer no beim Hafen am Hotel Saint-Paul. Am CIP (centre international de plongée) goufe Moies um 9:00 a Mëttes um 14:30 fir d'éischt d'Fläsche kontrolléiert, duerno an de "Rascal" (eng schmuel Camionettchen à la Niçoise) getesselt bis déi duerch d'Gewiicht bal an d'Knéie goung, fir se beim Boot erëm auszelueden.

nice 2014 02Um Ufank vun den 12 Dauchgäng huet de Richard eis ëmmer e ganz prezise mëndleche Briefing vum Site gemaach. Wann een dann och wuertwiertlech dohi gedaucht ass wou de Richard sot, dann huet een och de Site fonnt an eng super Plongée gemaach, vallées de gorgones duerchschwommen, den tombant des américains fonnt, de sec aux chapons ëmkreest a wann net da war et eben eng Partie Plage ënner Waasser. Idem, wann een zevill de "locaux" vertraut huet.

Moies goung erof bis op 60 m (17°) fir duerno gemittlech erop ze kommen, selon les règles de l'art seng Palieren ze respektéieren an duerno eng Decompressioun op 5 m bei 24° um Sauerstoff 100% ze maachen oder um Nitrox 77. Mëttes goung et dann awer "nëmme" bis 40 m (21°) max. Moies gouf de Rescht Deco um Boot mat Pastis gemaach an Nomëttes op der Plage mat engem Decobéier.

Fir déi meescht vun eis war dëse Rythmus nei, fir anerer war et déi éischt Erfahrungen un de Limiten, déi ee mat Otemloft erreeche kann. Fir d'Nathalie stoungen och nach déi lescht Epreuven vum P3 um Programm. Eiser neier P3 déi verdéngte Felicitatiounen!!

nice 2014 03Nice ass och nach bekannt wéinst de ville Fliger, déi do landen. Do stellt sech jo déi grouss Fro: männlech oder weiblech? Sou munch een wollt deen Ënnerscheed einfach net erkennen. An dobäi ass et dach sou einfach: il faut simplement voir ce qu'on regarde...! Bis haut huet nach net jiddereen et erkannt an och d'Händchekëscht war eidel. De John huet missen bis op d'Corse fléien a d'Geschlecht vum Flugobjekt erliewen, ier hien d'Léisung vun der Evidenz gesimst huet.

Mëttes an Owes hu mer eng Rei Restaurante getest mat salade niçoise, soupe du pêcheur, bouillabaisse a soss nach Guddes aus dem Mier (oder vum Land). Bei deem ville Fësch, kee Wonner datt d'Mier sou eidel ass...

Stage à répéter! Expérience à revivre!